Konzelebratiounsfront

Publié le par Jean von Roesgen

 Op de Massphotoen am Wort steet wéi oft eng Rai Zélébranten ewéi eng geschlosse Front hannert dem Altor.. (fir den Tabernakel ze vertaidegen?) Dat huet et mat de Konzelebratiounen esou u sech... Hai si mir, an do sid Dir, an aiser Här schéi brav an aisem Reck...

 Wann déi Häre Geeschlecht dann och nach an hieren Alben ouni waidert Massgewand do stinn, kann een sech froen, firwaat si sech d´Stola net ainfach ewéi eng Kravatt em den Hals bannen... am Bankeland géif dat dach e perfekten Androck maachen...

++++

 An der Kathedraal stinn zwee Altaer... e voleksnoen, an ee volekswaiten... noom Konzil gouf et zimmlech präzis offiziell Aussoen, wat vun zwee Altaer an engem Chorraum ze haalen ass... waell et ganz oft déi méi bellech Léisong wor, ee mobilen Holzaltor vrun deen aalen Haaptaltor (deen "zur Mauer") ze stellen... an der Kathedraal stinn allerdéngs -ee vrum aaneren- zwee Altaer zum Volek: deen aalen aus engem grousse Batz Marmor, an deen naien mobil aus Holz.... e besse komesch asss dat schon...

++++

Publicité

Publié dans liturgie

Pour être informé des derniers articles, inscrivez vous :
Commenter cet article